D’Idee fir Tattoo’en ofzeliichten ass mir schonn an der Mëtt vum Joer 2021 komm. Ech wollt do awer dës Kéier net einfach schwarz/wäiss Tattoos, och wann déi momentan méi beléift sinn, mee ech wollt faarweg Tattoo’en.
D’Idee war also do… awer nach kee Model, wou och faarweg Tattoos hat.
E puer hat ech da jo schonn gesinn, mee well ech awer grad keen genauen Projet hat, gëtt et dann schwéier fir dann och een ze froën.
Well ech jo an engem Fotoclub sinn, Fotosfrënn Käerjeng fir genau ze sinn, maachen mir all Joer een „Salon d’auteurs“.
Do geet et dann drëms, Fotoen vun sech selwer auszestellen. An do koum déi Idee wou ech am Kapp hat ëmzesetzen.
Bei enger Ausstellung, déi net virtuell ass, geet et jo dann och drëms, dat ganzt net nëmmen ze „knipsen“ an dann iergendwou an den Internet eropzelueden, mee et muss een dat och propper erausprinten.
Well ech perséinlech jo super fréi u war, fir meng Idee ëmzesetzen, hat ech just 4 Wochen Zäit, wat definitiv ze knapp berechend ass. (Et léiert een jo just bäi 😉 )
– Model sichen, froen, an hoffen dass een eng Zoustëmmung kritt
– Datum fannen
– Fotoen maachen
– Fotoen beaarbeschten
– Fotoen erausprinten
– Fotoen arummen an ophänken
Un dëser Stell soen ech dem Jeffrey Rausch e grousse Merci dass hien sech Zäit geholl huet, sech an séng Tattoo’en presentéiert huet.
Och soen ech dem Jérôme Bei merci, wou mir gehollef huet d‘ Fotoen ze maachen an och puer Ideeën mat eranbruecht huet.
Et war op alle Fall eng flott Erfahrung wou ech vill geléiert hunn an kuerzer Zäit. An et wäert sécher net de läschten Tattoo-Projet sinn 🙂